Tommek - Kee Bandana Diss (prod. by dB) [tekst, tłumaczenie i interpretacja piosenki]

Wykonawca: Tommek
Data wydania: 2015-11-12
Gatunek: Rap
Producent: DB, Alchemist Studio
Tekst: Tommek

Twórz Groove z nami!
Wyślij okładkę tej piosenki!
Wysyłany plik musi być typu: png lub jpg. Żaden plik nie został wysłany. Dziękujemy za wysłanie okładki.

Tekst piosenki

[Beat 1: Tommek]

Moien Lëtzebuerg, Moien Essentiel an RTL
Moien Escher Squad am Mercedes CLA an SLK
Squa squa du héiers eis squaaaaaatten
Mëttes nach mat der AK mee owes ouni Waaaaafffen

Mee lo mol serieux ech duecht dat doten ass jo lächerlech
Dass d'Medien dat sou deelen mee meng Meenung guff ganz wässereg
Iwwerlee dach mol de Kär vum Problem ass een aneren
Mat äre Kommentarer bréngt dir ëmmer dee Bandana rem

Dat gëtt mir de Katz, #nohate fir d'Jungs aus dem Sale Sud
Mee fir all Hater, dee sech behëllt wéi eng kleng Pute
"uäh uäh uäh ech hunn deen Hype guer net gewollt"
Mee du deels et, schwätz driwwer, du bass selwer Schold

Ech hunn et och gekuckt, ee mol geschmunzelt, weider fokusséieren
Amplaz mech a sënnlosen Hate Gespréicher ze verléieren
't soll ee rausgoen, einfach maache wat ee selwer feiert
Soss bleift een am Liewen stoen op der Plaatz a kënnt net weider

Lächerlech, Rapper sëtzen doheem, kommen net kloer
Fille sech lo vun de Medie gelénkt
Kräischen d'Decke voll, rappe sech verzweifelt un den Hoer
Während Mama hinnen de waarme Schoki an d'Kummer bréngt

Si behapten, si giffen den Hype net ënnerstëtzen
Da so mer firwat se sech un dem Shitstorm dann ergötzen?
Posten all Dag eppes zu deem Thema, kräische "MIMIMI
Mama ech wollt awer Hunneg an dobäi eng Mlimlimli"

Ech gesinn dora kee Sënn, steppen an de Studio zéien eppes positives raus aus menger Energie
Fokusséire meng Gedanken an schaffe mam DB un enger nicer EP
Dat Gelabers hutt mech zwar frustréiert, weider kënnt ee just wann ee sech konzentréiert
Dofir Merci Bandana well du huss mech indirekt fir meng kommend CD mat inspiréiert

All Bitchrapper dee sech opreegt bis d'Linnen aus dem Bildschirm schloe beim EKG
Als Kënschtler steet een do driwwer, pëtzt een An zou a geet säi Wee
Amplaz sech mat peinlechen Aussoen ze kompromittéieren
Ee Kënschtler gëtt anerer Konscht d'Recht ze existéiren

Déi déi soen: "dat ass keng Konscht, dee Jong ass net ganz hell"
Säi Rap hutt de Pepp an et ass iergendswéi originell
De Schlaue kann och domm, mee den Dommen kann net schlau
Mengt ee beim Schlauen e wier domm, ass dat vum Dommen net ganz schlau

-------------------------------------------------------------------------

[Beat 2: Tommek]

Heen hat alles fir een Hype-Cocktail a wann ee bedenkt
Ass deen Hype bei deem wat gelaf ass eng logesch Konsequenz
An hee schlürft dee lo, ganz genësslech an engem Gang Squad
Während d'Land an Hysterie verfällt a sech d'Box vollkackt

Dat ass Image Rap, et gëtt eng Léierstonn beim Monni Tom
Eng Form vun Entertainment, vu ville Leit ugesinn als domm
Déi an hierer Verklemmtheet meckeren de Bandana wier keen G
Kucke kee Film méi mam De Niro, well hee verkeeft kee Kokain

Schauspillqualitéiten lossen hei zwar staark ze wënschen iwwreg
Mee de Prinzip ass de selwechten an du entscheeds; ass et witzeg?
Amplaz sech opzereegen iwwer Leit di soen, se giffen am Ghetto liewen
Soll ee sech mol froen, firwat et Leit ginn déi am Ghetto stierwen?

Do mierkt ee wéi deplacéiert eis Interessen sinn
Reegen eis op iwwer Saachen amplaz ze maachen, dass se besser ginn
An do mierkt ee kloer wou d'Suerg vun eiser Gesellschaft läit
Mir si sou verwinnt fir iwwer sou eppes nozedenken hu mer Zäit

Amplaz iwwert de Bandana beim Essentiell Saachen ze schreiwen
Kéinte mer eis vläit d'Zäit huelen iwwer essentiell Saachen ze schreiwen
Ey ey well et ass net traureg, dass et gedeelt gëtt
Mee 't ass traureg, dass sou een Artikel zum Problem gëtt

Loss mech dir dat kuerz erklären
Ech hat an der Bravo Zeitung plakeg Meedercher net gären
Op der Säit 52, dat mécht mech dach guer net chaud
Dofir hunn ech direkt bei der Foto-Lovestory opgeschlo

Ganz einfach, kucken et net wann et net intresséiert
Sinn der Meenung dass Rap vu Villfältegkeet just profitéiert
Drénke gäre Mlimli, fannen Aachtercher totale Shit
Reege mech awer net op, wann een och aner Mötschen ze kafe kritt, oder?

Su laang de Voyeurismus am Mënsch bewierkt, dass ee gaffe wëll beim Accident
Gi sou Saachen gedeelt, dat ass eng logesch Konsequenz
Dat ass wi Medie funktionéieren, schockéieren, de Leit gi wat se friessen
Oflenkung vum Alldag, wichteg Problemer vergiessen

A meng Musik guff vum Eldo gedeelt, reege mech doriwwer net op
Se krut eng handvoll Likes, hutt et d'Leit net genuch geschockt?
Hätt ech dat deemols scho gewosst, hätt et mam Album vläit geklappt
Cannabis a meng Mötsche gestach, gehofft dass ee Flick mech dann verhaft

An de Problem ass net, dass Plattformen aner Musik net verbreeden
Mee dass aner Saachen Leit net schockéiren, ergo se net begeeschtren
Anscheinend deelen Medien qualitativ Musik jo ni
Hei ass mäin offiziellen Opruff: deelt "Vitaminnentherapie"

[...]

Dass d'Halschent vun deene Leit guer kee Wuert driwwer verléiert
Well kommentéiert gëtt just dann, wann et net gefällt an et ee stéiert
Facebook ass ee Spigel dovunner wéi d'Gesellschaft tickt
Dofir schwätze mir méi vum Bandana wi vun der Flüchtlingspolitik

Also kiert mol virun ärer Dier, ech si kee Bandana Fan
Mee heinsdo, awer nemmen heinsdo squatten ech mat der Gang

Tłumaczenie piosenki

Nikt nie dodał jeszcze tłumaczenia do tej piosenki. Bądź pierwszy!
Jeśli znasz język na tyle, aby móc swobodnie przetłumaczyć ten tekst, zrób to i dołóż swoją cegiełkę do opisu tej piosenki. Po sprawdzeniu tłumaczenia przez naszych redaktorów, dodamy je jako oficjalne tłumaczenie utworu!

+ Dodaj tłumaczenie

Wyślij Niestety coś poszło nie tak, spróbuj później. Treść tłumaczenia musi być wypełniona.
Dziękujemy za wysłanie tłumaczenia.
Nasi najlepsi redaktorzy przejrzą jego treść, gdy tylko będzie to możliwe. Status swojego tłumaczenia możesz obserwować na stronie swojego profilu.

Interpretacja piosenki

Dziękujemy za wysłanie interpretacji
Nasi najlepsi redaktorzy przejrzą jej treść, gdy tylko będzie to możliwe.
Status swojej interpretacji możesz obserwować na stronie swojego profilu.
Dodaj interpretację
Jeśli wiesz o czym śpiewa wykonawca, potrafisz czytać "między wierszami" i znasz historię tego utworu, możesz dodać interpretację tekstu. Po sprawdzeniu przez naszych redaktorów, dodamy ją jako oficjalną interpretację utworu!

Wyślij Niestety coś poszło nie tak, spróbuj później. Treść interpretacji musi być wypełniona.

Lub dodaj całkowicie nową interpretację - dodaj interpretację
Wyślij Niestety coś poszło nie tak, spróbuj później. Treść poprawki musi być wypełniona. Dziękujemy za wysłanie poprawki.
Najpopularniejsze od Tommek
Kee Bandana Diss (prod. by dB)
366
{{ like_int }}
Kee Bandana Diss (prod. by dB)
Tommek
Komentarze
Polecane przez Groove
Fortnight
2,9k
{{ like_int }}
Fortnight
Taylor Swift
Śrubka
365
{{ like_int }}
Śrubka
Sanah
Chyba że z Tobą
1,9k
{{ like_int }}
Chyba że z Tobą
MODELKI
​i like the way you kiss me
13k
{{ like_int }}
​i like the way you kiss me
Artemas
HILL BOMB
837
{{ like_int }}
HILL BOMB
Guzior
Popularne teksty
Siedem
52k
{{ like_int }}
Siedem
Team X
34+35
42,9k
{{ like_int }}
Love Not War (The Tampa Beat)
25,6k
{{ like_int }}
Love Not War (The Tampa Beat)
Jason Derulo
SEKSOHOLIK
164,7k
{{ like_int }}
SEKSOHOLIK
Żabson
Snowman
74,9k
{{ like_int }}
Snowman
Sia